ProClub-2024-26-Candidate
raquette
badminton_1
equipe_de_jeunes
badminton_2
slider_4_v2_sm.png
IMG_3585.jpeg

Biwer Fiederball ASBL

Et wor emol e Fiederbällchen....

Bal esou huet d’Geschicht vum Biwer Fiederball Club ugefaang :
E Badmintonsclub aus Munneref (den schons zenter e puer Joer net méi besteht) hat an der Saison 1981/82 e vun senge Championnatsmätcher an d’Biwer Sportshâl verluegt. Duerno sin an de Luuchten vun der Sportshâl e puer Fiederball hänke bliwwen, an seng Racket hat och irgendeen vergiess.
E pur Biwer Jongen, déi verschiddenes iwer Badminton woussten, haten des Sachen fond, an schons wor d’Iddi do : "Solle mir net e Badmintonsveräin grönnen ?"
An een vun deenen Leit huet e kannt, den schons an engem aaneren Badmintonsverein aktiv war, an kurz drop hâte mir och déi éischt Kontakter mat der FELUBA, der nach relativ jonker Badminton-Federatioun (gegrënnt 1978)
An esou lues ass et Eecht ginn :
  • Den 27. Februar 1982 war eng Virféirung an der Biwer Sportshâl. Ongeféier 80 Leit sinn luusse komm, an d’Halschescht vun dëse Leit huet sech méi fir Badminton interesséiert.
  • Den 28. Februar 1982 ware mir op Walfer op en Training agelueden (villäicht erënnert sech den een oder anneren drunn : an der Fuesvakanz sondesmoïes em 9.30 Auer untrieden)
  • An der Ouschtervakanz goufen zwee Terraien agezeechnet
  • Den 8. Mé war d’Coupe-Final zu Biwer
E puer Wochen duerno gouf et awer déi éischt Reckschléi. Ewéi d’Equipen fir d’Championnat ugemellt sollte ginn, war et mat der éischter Euphorie eriwwer : et wollt kee mattspillen.
A puer Méint duerno ass et awer nees virugaang, an den 1. März 1983 war d’Grënnungs-Versammlung vum "BIWER FIEDERBALL CLUB".
En neien Komité guef opgestallt, Statuten sinn ausgeschafft ginn, an fir d’Saison 1983/84 konnten mir endlech 2 Equipen fir d’Championnat umellen.
An der Saison ‘84/85 sin déi éischt Erfolger gefeiert gin :
d’éischt Equipe ass éischten an hirer Grupp gin, huet och den "Challenge de la Fédération" gewonn (d’Coupe fir déi ënnescht Divisiounen) an ass bis an d’Hallef-Final vun der Coupe komm.
Um Enn vun der Saison ‘85/86 sinn d’éischt an d’zweet Equip gestiegen.
An der Saison ‘88/89 ware mir souguer an der Nationaldivisioun – leider war nëmmen fir eng Saison.
Zënter senger Grënnung war den BFC am Equipen-Championnat all Joers mat mindestens enger Equip ugetrueden. Während villen Joeren hu mir mat 2 Equipen deelgeholl, kurzzeitig souguer matt 3 Equipen.
An der Saison 2003/2004 as den Jugend-Championnat agefoert ginn. Vun do uns haaten mir während villen Joeren 1 oder 2 Jugend-Equipen ugemellt.
Am indivuellen Championnat sin ons Spiller a Spillerinnen och erfollegräich gewiecht, an huet et zum Meeschter oder Vize-Meeschter an den Diziplinnen "Dubbel", "Eenzel" an "Dubbel-Mixt" bruecht (an den Spillklassen B, C an D).
De Moment besteet de BFC aus ca. 50 Memberen, wouvunner t’Halschescht eng Spiller-Lizenz huet.

Trainingszeiten


Montag 18:00-19:00 Kinder unter 12
19:00-20:15 Kinder ab 12
20:00-22:00 Erwachsene
Mittwoch 18:15-19:30 Kinder
Freitag 19:30-21:00 Freies Spiel

© 2025 Biwer Fiederball. All Rights Reserved.